Schwammschoul

D’Schwammschoul ass 2021 vum Olivier Buschmann, gegrënnt ginn, mam Ziel de Léit a virun allem de Kanner a Jonken d’Schwammen bäizebréngen, d’Freed am Waasser a gläichzäiteg de Respekt virun dësem essentiellen Element a senge « BewunnerInnen » ze vermëttelen (méi Infos heizou, Artikel 14 vun der Agenda30, www.bne.lu/tipps).

D’Schwammschoul leeft ënnert de Standards vun SSI (Swim Schools International / Scuba Schools International). SSI agéiert weltwäit ( 2600 Divecenter an 110 Länner) an ënnerriicht all Formen vu Scuba- Fläschentauchen, Apnoetauchen, RettungsschwëmmerInnen, Schwammen (Bebe bis Erwuessener) a « Mermaid-Schwammen ». Méi Infoe zu dëser internationaler Organisatioun  www.divessi.com.

All eis Schüler/innen sinn bei SSI registréiert an ginn och offiziell zertifiéiert. Des Zertifizéierungen sinn international unerkannt. 

Den Olivier Buschmann ass als „Swim Instructor Trainer“ a „Freedive Instructor Level 1“ zertifiéiert, wat him erlaabt Schwammcoursen fir Kanner vun 3 Méint un ze halen an och weider Schwamminstrukteren auszebilden.

All Instrukter vun der Schwammschoul muss, laut de Statuten, eng SSI Zertifizéierung hunn an en plus e gültegen Éischt Hëllef Cours.

D’Schwammschoul bitt aktuell Schwammcoursen fir Bebéën/ jonk Kanner vun 3 Méint bis 3 Joer un, Coursen fir Kanner bis 7 Joer, Apnoetauchen ab 12 Joer a Privatcoursen fir all Altersklass.

Ons ass et wichteg, op den eenzelen Mënsch anzegoen, entspriechend senger individueller Entwécklung. All eis Coursen sinn a klengen Gruppen. En fonction vun der Gréisst vun der Schwämm kéinten bis zu 4 Coursen mat 4 Instrukter gläichzäiteg ofgehalen gi.

Wärend all de Coursen mat Kanner sinn d’Elteren, respektiv hir Begleetpersoun, nieft dem Baseng dobäi a gesinn ganz genee wat mir fir Übungen mat dem Kand maachen, sou dat si och kennen mat de Kanner d‘ Exercicen dono üben. No all Cours kréien si e Feedback iwwer d’Fortschrëtter oder d’Schwieregkeeten vun hirem Kand.

D‘ Zieler vun den eenzelen Coursen sinn di folgend:

Bebeschwammen

pastedGraphic.png

D‘Bebeschwammen ass an 4 Altersgruppen opgedeelt (3-12 Méint, 12-20 Méint, 20-28 Méint an 28-36 Méint). E Cours dauert 45 Minutten an et sinn maximal 6 Kanner mat jeeweils engem Elterendeel, oder aner Familjenmember am Waasser. Wärend dem Cours gëtt d’Bindung tëschent dem Kand a senger Mamm, sengem Papp, respektiv der Begleedpersoun, gestäerkt. Mir leeën vill Wäert drop fir de Kanner mat vill Freed a Spaass d’Element Waasser méi no ze bréngen. Am Cours ginn och déi éischt Secherheetsexercisser an déi éischt Schwammübungen gemaach.

Aquatike

pastedGraphic_1.png

Dëse Cours ass fir Kanner vun 3 Joer an ass an 3 Stufen opgedeelt. Eng Seance dauert 30 Minutten an et sinn maximal 4 Kanner pro Instrukter/sch. All Kand gëtt eenzel betreit. Mir leeën vill Wäert op d’Sécherheet, d‘ Wuelbefannen an de Spaass am Waasser.

An dësem Cours hu mir folgend Zieler:

– 3m mat Wandmillenäerm schwammen
– selbststänneg dréien fir ze ootmen

– selbstänneg aus dem Waasser klammen, wann een dran gefall ass

– 10 Sekonnen am Waasser d’Loft unhalen

– 10 Sekonnen um Réck dreiwen (Séistär)

Preschool

pastedGraphic_2.png

Dëse Cours ass fir Kanner vun 4 bis 5 Joer an ass an 3 Stufen ënnerdeelt, wou een och als absolutten Ufänger / absolut Ufängerin kann starten.
Pro Cours sinn et maximal 4 Kanner pro Instrukter. De Cours dauert 30 Min. 

Dëse Cours huet folgend Zieler:

– 12m mat Wandmillenäerm schwammen
– selbstänneg dréien fir ze ootmen an dann weider schwammen

– selbstänneg aus dem Waasser klammen, wann een dran gefall ass

– 15 Sekonnen ënner Waasser d’Loft unhalen

– 15 Sekonnen um Réck dréiwen (Séistär)

– um Réck schwammen

– an d’Waasser sprangen an de Séistär maachen an / oder selwer rëm raus klammen

Beginner

pastedGraphic_3.png

Dëse Cours ass fir Kanner vun 5 bis 7 Joer an ass d’selwecht opgebaut wéi den Aquatike an de Preschool – Cours. D’Zieler sinn bëssen méi héisch gesat, sou, dass e Kand nom Cours  sollt propper Freestyle / Crawl schwammen kennen.

Dëse Cours huet folgend Zieler:

– 12m mat Wandmillenäerm schwammen
– selbstänneg dréien fir ze ootmen an dann weider schwammen

– selbstänneg aus dem Waasser klammen, wann een dran gefall ass

– 15 Sekonnen ënner Waasser d’Loft unhalen

– 15 Sekonnen um Réck dréiwen (Séistär)

– um Réck schwammen

– an d’Waasser sprangen an de Séistär maachen an / oder selwer rëm raus klammen

Breathe & Relax

Dëse Cours riicht sech un Erwuessener. Mir beschäftegen eis hei just mat der Ootmung an wei se eist d’Wuelbefannen beaflosst. Mir maachen Übungen fir eis Ootmung ze kontrolléieren an ze entspanen.

Fir weider Froen stinn ech gäre zur Verfügung.

Olivier Buschmann

Tel.: +352 621 144 270

Mail.: olivier.buschmann@schwammschoul.lu

Informations:

https://www.schwammschoul.lu 
+352 621 144 270 / info@schwammschoul.lu

Jours
mardi, mercredi, jeudi et samedi

Infos & Inscription